17/08/2026
Info – fräi Plaz Mierscher Lieshaus asbl
Message :
Dir Dammen an Hären,
D'Mierscher Lieshaus ass eng ëffentlech Bibliothéik, déi zanter méi
wéi 20 Joer vun den 10 Gemengen Biissen, Colmar-Bierg, Fëschbesch,
Fiels, Helperknapp, Hiefenech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch an
Noumer gedroen an ënnerstëtzt gëtt – eng schéin Zesummenaarbecht,
op déi mir all houfreg sinn.
Mir wollten Iech informéieren, datt aktuell eng interessant Plaz am
Mierscher Lieshaus fräi ass, a mir géingen eis freeën, wann Dir dës
Info iwwert är Kanäl oder an ärem Ëmfeld weiderleede géift.
Villäicht kennt Dir jo eng Persoun, déi am Moment kee volle Kader huet
oder interesséiert ass fir nei Erfarungen an enger Bibliothéik ze
sammelen.
D’MIERSCHER LIESHAUS SICHT DECH!
Aarbecht an enger ëffentlecher Bibliothéik, 10 Stonne/Woch fir 12
Méint.
Perfekt fir StudentInnen am Beräich Bibliothéiks- an
Informatiounsmanagment, sozio-edukativt Personal aus enger
Crèche/Maison Relais awer och fir all Leit, déi sech virstelle
kéinten 2 bis 3x moies oder samschdes mat Grouss a Kleng a mat Bicher
ze schaffen.
Wëlls du eng nei Säit an engem interessante Buch opschloen?
Da mell dech! Déng Iddien an deng Kreativitéit gi gebraucht z.B. an
der Kanneranimatioun, bei verschiddene Liesungen, an der Receptioun a
bei aneren ofwiesslungsräichen Aktivitéiten …
[email protected]
Fir Froen oder zousätzlech Informatiounen iwwert d'Lieshaus, kënnt dir
iech gäre mellen.