AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen

AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen Den AVL (Akademischer Verein d'Lëtzebuerger) ass de lëtzebuerger Studentecercle zu Oochen

Den AVL organiséiert d'ganzt Joer iwwer verschidden Aktivitéiten, souwuel zu Oochen selwer wéi och zu Lëtzebuerg . Nieft den traditionellen Soiréeën wéi der Soirée de Bienvenue, der Stee oder der Daf hu mir och nach eng sëllechen aner Aktivitéiten wéi d’Glühwäinsoirée, de Kleeschen, e Staffellaf, eng Kulturrees oder eis Ponttorfeier ronderëm Nationalfeierdag. Ausserdeem maache mir och vill Sport zesummen, wéi zB Beachvolley, Fussball oder Badminton. Eemol d'Woch treffe mer eis am Kaktus, eisem Stammcafé zu Oochen a vun Zäit zu Zäit gi mir och bei eis Kolleegen an aaner Studentestiedt op Intercerclen.

SAVE THE DATE: Freides, den 3.07. steet déi 25. Editioun vum Studentebal, op der Wiss hannert dem Bouillon, un.🪩💃🏼🕺🏼Är L...
15/06/2026

SAVE THE DATE: Freides, den 3.07. steet déi 25. Editioun vum Studentebal, op der Wiss hannert dem Bouillon, un.🪩💃🏼🕺🏼
Är Liblinge, LSC x AVL, hu rëm extraordinär Drinks fir iech virbereed a si ready dass dir des probéiere kommt. 🍹🦁
Fir dass den Owend keen duuschtereg Heem goe muss, brauche mer genau är Hëllef! 🥺
Mellt iech gären hei u wann dir motivéiert sidd ons beim Zapen, Mixen, Verkafen,... ze hëllefen.
Mir freeën eis op iech❤️‍🔥
https://forms.gle/wiR8j648brzLHHku5

📣 Invitatioun fir d'Ponttorfeier 2026!Léif Memberen,Heimat sidd dir all häerzlech op eis alljärlech Ponttorfeier invitéi...
03/06/2026

📣 Invitatioun fir d'Ponttorfeier 2026!

Léif Memberen,
Heimat sidd dir all häerzlech op eis alljärlech Ponttorfeier invitéiert!

🥂 Wat erwaart iech?
Ee Galaowend mat kuerzem Sektempfang, Dikussiounsronnen mat eise Sponsoren an ee gemittlechen Walking Dinner. Eis Partnerfirme kommen extra op Oochen fir sech virzestellen an iech d’Méiglechkeet ze ginn an direkte Kontakt ze trieden, Froen ze stellen a villäicht schonn déi éischt berufflech Chancen ze ergatteren. Dës ass déi perfekt Geleeënheet eise Sponsore Merci ze soen.

📍 Wou a Wéini?
- Donneschdeg, den 18. Juni 2026
- An eiser neier Location – an der Fireplace! (Theaterstraße 17)
- 17:00 Auer - Pünktleche Sektempfang / 17:30 Auer - Start Table-Ronden

🍕🍷Iessen & Drénken:
Eise Walking Dinner gëtt vun eisem Caterer mat der Hëllef vum Comité preparéiert. Dozou gëtt et natierlech gudde lëtzebuergesche Wäin, Béier an och Softdrinks.

🎵Animatioun:
Fir déi richteg Partystëmmung ass gesuergt – ënner anerem dank dem fantasteschen AVL-Chouer!

👔 Dresscode:
Tenue Correcte (wa méiglech mat Faluche).

⚠️ Wichteg Informatiounen:
Präsenzflicht bei den Table-Ronden: Well eis Sponsoren an d'Diskussiounsronnen am Mëttelpunkt stinn, ass d'Participatioun dorun eng Viraussetzung fir de spéidere Walking Dinner an d'Festivitéiten. Ween ouni gëltege Grond (Uni, Aarbecht, medezinesch Ursaachen, etc.), deen dem Comité virdru matgedeelt gouf, ze spéit kënnt, kritt d’Entrée leider just géint eng Spend vun 20 €.
Ënnerstëtzung: Wärend dem Owend geet eng Box ronderëm (villäicht mat enger klenger Iwwerraschung), wou dir eis mat engem klenge Don ënnerstëtze kënnt, deen sou Owenter weiderhin erméiglecht.
Begleedung: Den Owend ass fir eis Memberen, awer eng Begleedung ass natierlech och häerzlech Wëllkomm! Gitt dem Comité dofir einfach am Virfeld Bescheed.

Mir hoffen iech zu esou vill wéi méiglech op der Ponttorfeier ze begréissen. Dreckt weg. dofir um Event op Whatsapp op Zousoen!

Bis geschwënn,
Äre Comité💛🖤

***De Comite 2026 stellt sech fir***A mir schléissen endlech of mat eisem läschte Comitesmember: eise Presi!👤Numm: Thoma...
18/05/2026

***De Comite 2026 stellt sech fir***
A mir schléissen endlech of mat eisem läschte Comitesmember: eise Presi!

👤Numm: Thomas Vinandy
🎂Alter: 22
💬Charge: Präsident
👩🏽‍🎓Studiengang: Maschinnebau
💪🏽Superpower: Mir ëmmer wéi doen
🎨Hobby: Scouten (LGS)
🍹Lieblingsdrink: GinTo
🤮Hate-Drink: Sambuca
🎶Lieblingslidd: Chance mam Wieder -Benny and the Bugs
🤭Guilty Pleasure: Franséichen TrashTV
🥸Lieblingszitat: Ween huet di Hetzt bestallt
👩‍🚀Dramberuft als kand: Kach
🌹Eemol op en Dinner-(Date) mam...: Big flo et Oli
🐇Wann ech Déier wier, wier ech...: eng Quall

***De Comite 2026 stellt sech fir***Weider geet et haut mat de nächste Comitesmemberen! Den Ufank mecht eisen Vize-Presi...
18/05/2026

***De Comite 2026 stellt sech fir***
Weider geet et haut mat de nächste Comitesmemberen! Den Ufank mecht eisen Vize-Presi.

👤Numm: Tom Jemming
🎂Alter: 23
💬Charge: Vize-President
👩🏽‍🎓Studiengang: Informatik
💪🏽Superpower: Egal wou schlofen
🎨Hobby: Kachen, Kaarte spillen
🍹Lieblingsdrink: Guiness
🤮Hate-Drink: Handgranat
🎶Lieblingslidd: Oochener Student -Marcel Belche
🤭Guilty Pleasure: Ee klenge Guiness drénke goen
🥸Lieblingszitat: Een ass wéi keen, zwee sinn een.
👩‍🚀Dramberuft als kand: Déirendokter
🌹Eemol op en Dinner-(Date) mam...: Tim Bisenius
🐇Wann ech Déier wier, wier ech...: e Wombat

***De Comite 2026 stellt sech fir***Weider mam  nächste Comitesmember: eis Sekretärin.👤Numm: Trixy Boever🎂Alter: 23💬Char...
17/05/2026

***De Comite 2026 stellt sech fir***
Weider mam nächste Comitesmember: eis Sekretärin.

👤Numm: Trixy Boever
🎂Alter: 23
💬Charge: Sekretärin
👩🏽‍🎓Studiengang: Chemie
💪🏽Superpower: Leit um Terrain fletschen
🎨Hobby: Fussball an allgemeng Sport, Liesen, Kachen a Baken
🍹Lieblingsdrink: Vodka-Lemon, Amaretto(-Kirsch)
🤮Hate-Drink: Kreiderschnäps
🎶Lieblingslidd: Radioactive an Deamons -Imagine Dragons
🤭Guilty Pleasure: Trash Tv kuken
🥸Lieblingszitat: Be yourself everyone else is already taken.
👩‍🚀Dramberuft als kand: Déirendokter
🌹Eemol op en Dinner-(Date) mam...: Aitana Bonmati
🐇Wann ech Déier wier, wier ech...: en DikDik

***De Comite 2026 stellt sech fir***Weider geet et haut mat de nächste Comitesmemberen! Den Ufank mecht eis Trésorière:👤...
17/05/2026

***De Comite 2026 stellt sech fir***
Weider geet et haut mat de nächste Comitesmemberen! Den Ufank mecht eis Trésorière:

👤Numm: Giada Haase
🎂Alter: 21
💬Charge: Trésorière
👩🏽‍🎓Studiengang: Wirtschaftsingenieurwesen
💪🏽Superpower: Ironie net verstoen
🎨Hobby: Fussball
🍹Lieblingsdrink: Maracuja+Likör43
🤮Hate-Drink: Rostiger Nagel
🎶Lieblingslidd: Gute Laune -GroßstadtEngel
🤭Guilty Pleasure: Handgranaten
🥸Lieblingszitat: Fair Enough.
👩‍🚀Dramberuft als kand: Polizist
🌹Eemol op en Dinner-(Date) mam...: Shakira
🐇Wann ech Déier wier, wier ech...: en Af

***De Comite 2026 stellt sech fir***Weider geet et mam nächste Comitesmember: Eis Relations Publiques👤Numm: Joëlle Klaun...
16/05/2026

***De Comite 2026 stellt sech fir***
Weider geet et mam nächste Comitesmember: Eis Relations Publiques

👤Numm: Joëlle Klauner
🎂Alter: 21
💬Charge: Relations publiques
👩🏽‍🎓Studiengang: Elektrotechnik
💪🏽Superpower: 3.7-en schreiwen
🎨Hobby: Liesen, Baaken
🍹Lieblingsdrink: Aperoool
🤮Hate-Drink: Jägermeister
🎶Lieblingslidd: Monsta -Culcha Candela
🤭Guilty Pleasure: Twighlight kuken
🥸Lieblingszitat: Blond gefierft ass och domm.
👩‍🚀Dramberuft als kand: Kach
🌹Eemol op en Dinner-(Date) mam...: Ana Huang
🐇Wann ech Déier wier, wier ech...: en KodKod

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen:

Raccourcis

Partager