Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux A.s.b.l. (ALPA)

Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux A.s.b.l. (ALPA) Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux A.s.b.l. (ALPA), Organisation à but non lucratif, Luxembourg.

'Bäschten Mupp' - daat sin se dach all 🥰 , ween gët dem Lio een Like fier dass en et bis an d'Zeitung packt 💪 ?
07/10/2026

'Bäschten Mupp' - daat sin se dach all 🥰 , ween gët dem Lio een Like fier dass en et bis an d'Zeitung packt 💪 ?

🐶 Wien ass de beschte Mupp? 🐕

Ein Blick aus treuen Augen – und der Tag ist gerettet. Zum Welthundetag am 10. Oktober möchten wir wissen, wer euch jeden Tag ein Lächeln ins Gesicht zaubert! 🥰

👉 Poste ein Foto deines Hundes in die Kommentare und verrate uns seinen Namen, das Alter und den Wohnort. Die 5 Hunde mit den meisten Likes (❤️&👍) werden im Tageblatt vom 10. Oktober abgedruckt.

👉 Teilnahmebedingungen: Am 9.10. um 12:00 Uhr werden die Stimmen ausgezählt. Mitmachen können nur Hunde, die innerhalb von Luxemburg leben und mit vollständigen Angaben (Name & Alter & Wohnort) unter diesem Originalbeitrag gepostet wurden. Pro Halter wird nur 1 Foto berücksichtigt; dieses darf auch mehrere Hunde zeigen. Als Fotocredit wird der Profilname des Absenders übernommen. Sollte es sich dabei um ein Pseudonym handeln, dann bitte zusätzlich den echten Vor- und Nachnamen angeben. Bei Gleichstand entscheidet unsere Grafikabteilung, welches Foto abgedruckt wird.

🐩 PS. Hier erfährst du, welche Hundenamen in Luxemburg besonders beliebt sind: https://www.tageblatt.lu/Luxemburg/Die-zehn-beliebtesten-Namen-So-heissen-Luxemburgs-Hunde-91391.html

Vinny, een charmante Mupp vun 2 Joër (Japan Chin Mix) an 8 kg. Heen ass ee richtegen Schatz op véier Patten: léif, propp...
06/10/2026

Vinny, een charmante Mupp vun 2 Joër (Japan Chin Mix) an 8 kg. Heen ass ee richtegen Schatz op véier Patten: léif, propper, roueg an een doucen Hond.

Aus gesondheetleche Grënn muss seng Mamm sech schwéieren Häerzens vun him trennen. Et ass eng schwéier Decisioun fir sie, an hieren groussen Wonsch wier et, mat den neien Adoptanten e bëssen a Kontakt ze bleiwen (Fotoen, Neiegkeeten).

Säi Charakter (Beschreiwung vun séngem Besëtzer) an säin idealt neit Doheem:

• 💖 Häerzensgutt: De Vinny ass frou mat jiddherengem, billt selten an ass einfach gär bei senge Mënschen.
• 🏠 Gesicht: Een rouegt Ëmfeld, an enger Famill, déi vill Zäit fir hien huet an schéin Spazéierronnen mat him mécht.
• 🤫 Seng Sensibilitéit: Heen brauch een rouegt Ëmfeld an ass keng kleng Kanner oder vill Trubel gewinnt. Normal Geräischer am Stot, wéi de Staubsauger, stéieren heen awer guer net.
De Vinny freed sech drop, eng léif Famill ze fannen, déi him e waarmt a gebuergent Doheem bidd.

05/10/2026
De Lio well spillen
03/10/2026

De Lio well spillen

02/10/2026
Wéivill Widdersprëch passen an eng eenzeg Reklamm?Werbung mat Begrëffer wéi „Animal Welfare Standards“ an „Ethical Breed...
30/09/2026

Wéivill Widdersprëch passen an eng eenzeg Reklamm?

Werbung mat Begrëffer wéi „Animal Welfare Standards“ an „Ethical Breeders“ ass séier geschriwwen – mee d'Fotoen op der eegener Websäit weisen eppes aanescht

"Carefully vetted breeders" 🆚 Merle-Muster: D'Säit behaapt, se géife just mat etheschen Züchter schaffen, mee weisen een Dackel am Merle-Muster – eng Trend-Faarf mat groussem Risiko fir Gen-Defekter.
"Animal Welfare Standards" 🆚 Qualzucht-Bulldog: Vum Déiereschutz schwätzen, mee Bulldoggen mat extrem zréckgeziichter Nues ukënnegen, bei deenen Qualzucht a chronesch Otemnout den Alldag sinn.
"Ethical Partnerships" 🆚 Dauerstress um Yoga-Teppech: 8 bis 13 Wochen jonk Welpen fir 4 Sessiounen op engem Dag (10h, 12h, 14h, 16h) als "Rent-a-Pet" ze verléinen ass Dauerstress fir een Hond, deen vill Rouh am Dag brauch.

Dës Ausdréck sollen de Leit e gutt Gewëssen maachen, während Trend- an Qualzuchthënn als Event-Attraktioun benotzt ginn.

30/09/2026

No geschwënn engem Joer bei eis a kenger passender Ufro gesäit et leider sou aus wéi wann de Fips géif definitiv bei eis bleiwen. Hien fënnt dat warscheinlech guer net mol sou schlecht, hien ass immens frou mat senge Muppekollegen a begeeschtert um groussen Terrain däerfe fräi ze ditzen an ze koschteren. Wat him awer feelt a mir him net bidde kënnen ass reegelméisseg Qualitéitszäit mat engem Mënsch just fir hien. Vläit fënnt sech jo sou ee Pätter oder eng Giedel wou Loscht drop huet him dat ze bidden? Eemol d'Woch ee flotten Tour vu 2-3 Stonnen an der Natur, eng Aktivitéit an der Muppeschoul.lu, Mantrailing oder Scent Detection am suchhunde-zentrum.lu; vläit hutt dir jo soss nach eng Iddi?

De Fips wunnt zu Tënten (Tuntange)

Tel 691571512

D'Spendenbox am Fressnapf Beetebuerg war schon erëm voll mat léiwe Gesten 🐾❤️​Een groussen Merci un jiddereen, deen un d...
28/09/2026

D'Spendenbox am Fressnapf Beetebuerg war schon erëm voll mat léiwe Gesten 🐾❤️

​Een groussen Merci un jiddereen, deen un d'Déieren denkt an eppes an d'Box leed.

​Merci och un d'Ekipp vum Fressnapf fir déi super Zesummenaarbecht 🐶

​

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352488395

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Association Luxembourgeoise pour la Protection des Animaux A.s.b.l. (ALPA) publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager