09/10/2026
🇱🇺 Réckbléck op den Geodiversity Day 👀(🇬🇧 version below)
Viru Kuerzem huet eis Geowëssenschaftlerin Birgit Kausch am Kader vum internationalen Geodiversity Day eng Wanderung vu 7,5 km ronderëm d'Héikräiz zu Hiefenech proposéiert.
👉 Ronderëm dëse Geosite fënnt een eng Partie Spueren aus der Zäit an där d'Regioun nach vun engem Mier bedeckt war an aus der Virgeschicht, wéi déi lescht Jeeër a Sammler an der Regioun gelieft hunn. Ënnerwee sinn d'Participantë Spannendes iwwer d'Entsteeung vun der besonnescher Landschaft gewuer ginn.
E grousse Merci u jiddereen, dee mat dobäi war. 😊...
🇬🇧 Recently, our geoscientist Birgit Kausch led a 7.5 km hike around the Héikräiz near Heffingen as part of International Geodiversity Day.
👉 Around this geosite, you can find traces from a time when the region was still covered by the sea, as well as evidence from prehistoric times, when the last hunter-gatherers lived in the area. Along the way, participants discovered fascinating insights into how this unique landscape was formed.
A big thank you to everyone who joined us! 😊
Photos: Anne Lommel
Commission luxembourgeoise pour l’Unesco | European Geoparks Network | Global Geoparks Network