LGSHouHou

LGSHouHou LGS Mère Thérèse HouHou
Mer sinn ee Grupp vu Guiden a Scouten am Norden vum Ländchen. Mer bidde flott Aktivitèiten fir Kanner ab 6 Joer!

Endlech ass et rëm esou weit - Chrëschtdag steet kuerz virun der Dir🎄Säit 2012 hält déi Traditioun vun Adventskränz bann...
13/11/2025

Endlech ass et rëm esou weit - Chrëschtdag steet kuerz virun der Dir🎄

Säit 2012 hält déi Traditioun vun Adventskränz banne bei eis am Grupp.

Eis CaraPio a RaRo sinn och dëst Joer rëm fläisseg mat dobäi fir iech mat handgemaachten Adventskränz kennen ze verwinnen.

Ganz nei mat dobäi sinn dëst Joer een Dierkranz an ee Suprise Me Kranz (dir wielt d’Faarw aus a mir dekoréieren e passend zu der gewielter Faarw).

Reminder: den 1.Advent fält op den 30. November

Eisen Erléiss geet dëst Joer un eis Odyseesprojeten vun eise RaRo (Brasilien, Georgien a Philippinnen.⚜️

Och dëst Joer wëlle mir iech eng Freed an ärt Doheem bréngen - Eng Freed déi iech déi ganz Adventszäit iwwer begleede so...
14/11/2024

Och dëst Joer wëlle mir iech eng Freed an ärt Doheem bréngen - Eng Freed déi iech déi ganz Adventszäit iwwer begleede soll.�Eis Guiden a Scouten sinn och dëst Joer nees ganz fläisseg a wëllen iech mat engem schéinen handgemaachten Adventskranz verwinnen.🕯️
Dir kënnt tëschent 6 verschidde Modeller wielen.
A net vergiessen: Den éischten Adventfält op den 01. Dezember 2024😉
Bestellt schnell an einfach iwwert eisen Internetsite. ➡️ https://lgs-houhou.lu/adventskraenz/

Och dëst Joer wëlle mir iech eng Freed an ärt Doheem bréngen - Eng Freed déi iech déi ganz Adventszäit iwwer begleede so...
14/11/2023

Och dëst Joer wëlle mir iech eng Freed an ärt Doheem bréngen - Eng Freed déi iech déi ganz Adventszäit iwwer begleede soll 🕯️
Eis Guiden a Scouten sinn och dëst Joer nees ganz fläisseg a wëllen iech mat engem schéinen handgemaachten Adventskranz verwinnen.
Dir kënnt tëschent 6 verschidde Modeller wielen.
Bestellt schnell an einfach iwwert eisen Internetsite ⬇️
https://lgs-houhou.lu/adventskraenz/
A net vergiessen: Den éischten Advent fält op den 03. Dezember 2023 😉

No 3 Joer Paus si mir erëm zréck mat eisem Faire Kaffi am Parc Housen!Dir hutt Moies des 14ten Mee nach näischt geplangt...
16/04/2023

No 3 Joer Paus si mir erëm zréck mat eisem Faire Kaffi am Parc Housen!
Dir hutt Moies des 14ten Mee nach näischt geplangt a wëllt iech verwinne loossen, mat lauter leckere fairen a regionale Produiten, da mellt iech un ☕️

https://www.lgs-houhou.lu/index.php/reservatioun

30/11/2022

Mir invitéieren iech häerzlech op de Baastenduerfer Niklosmaart Samschdes den 03.12.2022 ab 17:00 Auer bei der Kiirch.
Hei kënnt garantéiert jiddwereen op seng Käschten: Fir déi méi Kleng kënnt de Kleeschen, ma et ginn awer och nach vill flott Aktivitéiten an Animatiounen gebueden. Fir déi méi grouss gëtt et eng flott Ambiance, leckert Iessen a Gedrénks, ma awer och Stänn wou een sech deen een oder aneren Artikel fir Chrëschtdag gënnen duerf. 🎅🏼

Mir freeën eis op iech.

P.S.: op eisem Stand bidde mir Tiroler Gröstl, Schocki fir Kleng a Grouss, Stockbrot a Marshmellows um Feier 😋

https://facebook.com/events/s/baastenduerfer-niklosmaart-202/836288467627775/

Chrëschtmaart zu Baastenduerf mat de Veräiner aus der Gemeng Tandel an aneren externen Aussteller.

Den éischten Advent fält op den 27. November 2022 a mir géifen eis freeën, och dëst Joer ëm dës Zäit, Liicht a Wäermt an...
08/11/2022

Den éischten Advent fält op den 27. November 2022 a mir géifen eis freeën, och dëst Joer ëm dës Zäit, Liicht a Wäermt an Äert Doheem ze bréngen. 🕯️🎄
Dir hutt nees d'Wiel tëschent 6 verschidde Modeller (rout, wäiss, taupe, gold, gréng an orange).
Maacht elo är Bestellung iwwert eisen Internetsite: kranz.lgs-houhou.lu
Den Adventskranz gëtt natierlech wéi all Joer bei iech heem geliwwert 🚗
Mir wënschen iech elo schonns eng gemittlech Adventszäit voller Freed a Gléck.
Är Guiden a Scouten aus dem Parc Housen.

MIR BRAUCHEN DECH‼️Du bass 16 Joer oder méi al❓Du bass gär an der Natur? 🏕️Du schaffs gär mat Kanner oder Jugendlechen? ...
16/09/2022

MIR BRAUCHEN DECH‼️

Du bass 16 Joer oder méi al❓

Du bass gär an der Natur? 🏕️

Du schaffs gär mat Kanner oder Jugendlechen? 🎨🎶🎲

Du engagéiers dech gär fräiwëlleg? 🤝

Dann bass du bei eis genau richteg! 💪

Mir sichen Cheftainen an Chef fir eisen Grupp, egal op Guide/Scout oder net. Wann's du intresséiert bass mellt dech bei eis 📧
▶️[email protected]

Du hues eisen RaRo hiren Camp Aftermovie nach net gesinn? Klick hei ⬇️
16/09/2022

Du hues eisen RaRo hiren Camp Aftermovie nach net gesinn? Klick hei ⬇️

Een Aftermovie vun eise RaRo op hirem Roadtrip Camp duerch Däitschland, Dänemark, Norwegen an Schweden. Gefilmt: Cédric Malek Nils Liefgen Lena Liefgen Sven ...

Haut virun enger Woch hunn mir den Escape Room definitiv zou gespaart 🗝Mir soen jidderengem Merci deen do war an freeën ...
29/05/2022

Haut virun enger Woch hunn mir den Escape Room definitiv zou gespaart 🗝
Mir soen jidderengem Merci deen do war an freeën eis schonn op déi nächst Editioun!
Een ganz speziellen Merci geet awer och raus un eis Sponsoren ATR, The Young So(u)ls an malek.lu
See you 😁

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LGSHouHou publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à LGSHouHou:

Raccourcis

Partager