03/09/2026
👀Weider schaffen amplaz direkt an d’Pensioun ze goen?
E konkret Resultat vun der leschter Sozialronn mat CGFP-Bedeelegung ass den „Abattement de maintien dans la vie professionnelle“.
👉Persounen, déi pensiounsberechtegt sinn, awer viru schaffen, kënnen zënter dem 1. Januar 2026 vun engem Fräibetrag vu bis zu 750 € de Mount respektiv 9.000 € d’Joer profitéieren.
📄Déi betraffen Agente mussen dofir de „certificat de droit à pension“ beim CGPO ufroen. Donieft mussen si de Formulaire 164 R vun der Fiche de retenu d’impôt (RTS ënnen op der Säit 3) ënnert follgendem Link ausfëllen:
https://impotsdirects.public.lu/dam-assets/fr/formulaires/fiches_d_impot/2026/164rf-2026.pdf
Béid Dokumenter gi mat der Demande un d’Steierverwaltung (Bureau RTS compétent) geschéckt.
❗D’CGFP fuerdert, datt dëse steierlechen Abattement an Zukunft automatesch accordéiert gëtt, wann d’Konditiounen erfëllt sinn. Eng sënnvoll Moossnam soll net mat onnéidegem administrativem Opwand verbonne sinn.