Mensa Kids by mensa.lu

Mensa Kids by mensa.lu Héichbegabte Kanner zu Lëtzebuerg / enfants surdoués au Luxembourg -> https://www.mensa.lu/lb/kids.html

MENSA Kids & Family want to help gifted children and their families.

07/12/2025
19/11/2025
22/10/2025

Wat maachen d’Instrumenter, wann d’Museker:inne schlofen? 🎻😴 Wéi kommen d’Nouten op d’Blieder? 🎵📜 A wéi ginn Téin zu Musek? 🤔

Deene Froe geet de Radio 100,7 a senger drëtter grousser Kannerradionuecht no 👦👧📻🌙. “Eng Nuecht an der Philharmonie” heescht et de Freideg, 28. November 2025, vun 19 Auer bis Mëtternuecht.

D’Kannerradionuecht ass eng Invitatioun u Kanner am Grondschoulalter, fir mam Radio (an ouni Ecran) e spannenden, informativen an flotten Owend ze verbréngen. Dëst Joer steet d’Musek, virun allem déi klassesch Musek 🎹, am Mëttelpunkt. Mir lauschtere spannend Geschichten, besichen e Geiebauer 🎻, maache Spiller 🎲, preparéiere passend Iessen 🥨 a lauschtere just déi Musek 🎧, déi eis gefält.

D’Kannerradionuecht ass eng Experienz, déi vu Kanner mat gestalt gëtt an un där sech jidderee ka bedeelegen. D’Initiativ riicht sech un all d’Kanner, sief et an der Famill, am Frëndeskrees oder awer och am Veräin, der Maison relais oder der Klass, där ëmmer méi uechter d’Land deen Owend zesummen an der Schoul iwwernuechten.

Wann s du dech am Virfeld umells, schécke mir dir an all Kand an dengem Grupp e Matmaachheft mat Spiller, Rezepter, Quizzer, Hannergrondinformatiounen an dem Text vum offizielle Kannerradionuecht-Song fir matzesangen. Kanner, déi ugemellt sinn, kënnen och matbestëmmen, wéi eng Lidder um Radio gespillt ginn.

Ënner alle Gruppen, déi sech umellen, siche mir der e puer eraus, déi mir am Laf vun der Kannerradionuecht besiche kommen. Déi Kanner kënne live um Radio matschwätzen 🎤. Den Haaptpräis 🥇 ass eng Visitt um Radio.

➡ Mellt iech elo un op kannerradionuecht.lu

07/08/2025

Stären a Perseiden-Beobachtung zu Buurschent ✨🌠

D'Amateur Astronomen Lëtzebuerg invitéieren dënschdes, den 12. August häerzlech op Buurschent. Um Programm steet 🔭 Stärekucken an d'Beobachte vu Stäreschnäizen.

👉 Rendez-Vous ass ab 21 Auer beim Parking vum Centre Culturel zu Buurschent. (hannert der Schoul) Jiddereen ass häerzlech wëllkomm an d'Participatioun ass gratis.☺

ℹ Denkt un ugepasste Kleedung an eventuell e Campingstull oder eng Liegematt wann dir iech wëllt bequeem installéieren.

Commune de Bourscheid

11/07/2025
03/06/2025

Take Off Show

01/02/2025

Wissenschaft und Forschung für alle! La science et la recherche pour tous! science.lu - Méi entdecken!

05/11/2024

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Mensa Kids by mensa.lu publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Mensa Kids by mensa.lu:

Partager