BIGS - Biergerinitiativ Gemeng Suessem asbl

  • Home
  • BIGS - Biergerinitiativ Gemeng Suessem asbl

BIGS - Biergerinitiativ Gemeng Suessem asbl FANGEREN EWECH VUN EISER NATURA 2000 ZONE
ZAEMERBËSCH A BOBËSCH

Hei Neiegkeeten vun der Gemeng zu den Problemer bei KRONOSPAN !
17/08/2026

Hei Neiegkeeten vun der Gemeng zu den Problemer bei KRONOSPAN !

COMMUNIQUÉ KRONOSPAN
LU - D'Gemeng Suessem gouf déi lescht Wochen nees verstäerkt mat Reklamatiounen am Zesummenhang mat den Aktivitéite vun der Firma Kronospan konfrontéiert. Mir huelen dës Reklamatioune ganz eescht a kënnen d'Suergen an d'Onwuelbefanne vun eise betraffene Bierger·inne komplett novollzéien. Mir versécheren Iech, datt mir alles - wat an eiser Kompetenz läit - dru setzen, fir zu enger Verbesserung vun der Situatioun bäizedroen.

Hei drënner fannt Dir de ganze Communiqué, d'Stellungnam vun der Entreprise, mee virun allem och déi richteg Adressen, falls Dir Iech offiziell beschwéiere wëllt.

ℹ️ neon.ly/actusanem

FR - La Commune de Sanem a de nouveau été confrontée, ces dernières semaines, à un nombre accru de réclamations en lien avec les activités de la société Kronospan. Nous prenons ces réclamations très au sérieux et comprenons pleinement les préoccupations et le malaise de nos citoyen·ne·s concerné·e·s. Nous vous assurons que nous mettons tout en œuvre, dans la limite de nos compétences, afin de contribuer à une amélioration de la situation.

Vous trouverez ci-dessous le communiqué complet et la prise de position de l’entreprise, mais surtout les bonnes adresses auxquelles vous pouvez vous adresser si vous souhaitez déposer une réclamation officielle.

ℹ️ neon.ly/actusanem

EN - In recent weeks, the Municipality of Sanem has once again received an increased number of complaints regarding the activities of the company Kronospan. We take these complaints very seriously and fully understand the concerns and unease expressed by the affected residents. We assure you that we are doing everything within our remit to contribute to improving the situation.

You will find the full statement and the company’s position in our article, but above all, the appropriate contact details should you wish to submit an official complaint.

  e weidert Beispill wou Natur zerstéiert soll ginn fir Stroossen 😵‍💫
12/08/2026

e weidert Beispill wou Natur zerstéiert soll ginn fir Stroossen 😵‍💫

🇱🇺 Als gréisst Naturschutzorganisatioun vum Land schwätzt sech natur&ëmwelt géint de Bau vum Contournement aus. 🏞️

Dëse géif duerch d'Häerz vum Natura-2000-Gebitt „Vallée supérieure de l'Alzette“ féieren an domat negativ Auswierkungen op dëst wichtegt Vulleschutzgebitt souwéi op déi ökologesch Funktioune vum gesamte Naturraum hunn. Ausserdeem géif de Stroosseprojet och d'Bëschgebidder südlech vun der Stad Lëtzebuerg duerchschneiden, déi schonn haut staark geschwächt sinn.
Fir méi Informatiounen fannt Dir den Avis op eiser Websäit.

****
🇫🇷 natur&ëmwelt, en tant que principale organisation de protection de la nature du pays, s'oppose à la construction de ce contournement qui, par son passage au cœur du site Natura 2000 de la « Vallée supérieure de l'Alzette », aura un impact très négatif sur cette importante zone de protection des oiseaux ainsi que sur les fonctions de l'ensemble de son écosystème naturel. 🏞️
Par ailleurs, le projet routier traverserait les forêts situées au sud de la Ville de Luxembourg, déjà fortement fragilisées.
Consultez l'avis sur notre site web.

31/07/2026

🇱🇺 🌱 Däin Engagement fir d'Natur verdéngt Unerkennung!

Setz du dech fir de Schutz vun der Biodiversitéit an Natura 2000-Gebidder an? Da maach mat beim Europäeschen Natura 2000 Award 2026!

D'Europäesch Kommissioun zeechent mat dësem Präis Initiativen aus, déi sech fir de Schutz vun der Natur asetzen.
Nei an dëser Editioun ass d'Kategorie „Stied a Gemengen“, déi lokal Projeten am urbane Kontext an de Mëttelpunkt stellt.

📅 Asendeschluss: 30. September 2026

🔗 Méi Informatiounen: environment.ec.europa.eu
-
🇫🇷 🌱 Ton engagement pour la nature mérite d’être reconnu !

Tu t’engages pour la protection de la biodiversité au sein des sites Natura 2000 ? Alors participe au Prix européen Natura-2000 2026 !

La Commission européenne récompense, à travers ce prix, des initiatives qui contribuent à la protection de la nature. Cette édition introduit une nouvelle catégorie, « Villes et communes », qui met à l’honneur les projets locaux menés en milieu urbain.

📅 Date limite de candidature : 30 septembre 2026

🔗 Plus d’informations : environment.ec.europa.eu
-

  Fir komplett ze sinn dann hei nach de Sitzungsbericht vum 26. August 2025 deen d'BIGS verfaasst huet an deen den inter...
30/07/2026

Fir komplett ze sinn dann hei nach de Sitzungsbericht vum 26. August 2025 deen d'BIGS verfaasst huet an deen den interessanten Diskussiounsverlaaf erëmgëtt.

Extrait aus dem Aktivitéitsbericht vun der BIGS 2025Entwécklungen am Dossier KRONOSPANOch am Joer 2025 gëtt et eng ganz ...
30/07/2026

Extrait aus dem Aktivitéitsbericht vun der BIGS 2025
Entwécklungen am Dossier KRONOSPAN
Och am Joer 2025 gëtt et eng ganz Rei Plaintes vun den Awunner.innen vun de Gemengen Suessem an Déifferdeng géint d’Nuisances wéi Geroch, Stëpps a Keméidi.
- Op Ufro vun der Gemeng Suessem huet KRONOSPAN de 26. August 2025 Bierger.innen bei sech invitéiert fir kennen à voix vive hier Kloen virzedroen. D’BIGS gouf vun interesséierte Bierger.innen kontaktéiert och bei dëssem Treffen derbäi ze sinn – de Romain Borrelbach an d’Patrizia Arendt, beid Membres vun der Ëmweltkommissioun zu Suessem hunn dat dunn och gemaach.
- Hei goufen vill Froe gestalt an d’Léit wuare wierklech opbruecht a rosen. Et wuar kloer, dass si sech net méi gingen vertréischte loosen an dass elo eppes Konkretes misst geschéien.
- D’BIGS hat e Sitzungsprotokoll verfaasst deen alle Bedeelegten ënnerbreet gouf.
17.09.2025 An engem gemeinsame Kommuniqué vu BIGS a MOUVEMENT Ecologique gouf gefrot e Comité d’accompagnement ze grënnen wou esouwuel Vertrieder.innen vun de Schäfferéit, Ëmweltkommissioune, der BIGS an dem Mouvement sollte vertruede sinn; nom Modell ARCELOR-MITTAL zu Esch.
04.02.2026 Am Februar ass et dunn zu engem interne Treffen tëschent der KRONOSPAN, engem Vertrieder vum TüV-Rheinlandpfalz, vu BIOMONITOR, vum Service Ecologique vu Suessem, engem externen Expert an engem Member vun der BIGS komm. Hei gouf festgehalen, dass 1-2 mol d’Joer esou en Treffen/Austausch sollt stattfannen.
05.02.2026 Net ëffentlech Versammlung tëschent de Gemengeréit an den Membres vun der Ëmweltkommissioun vu Suessem an Déifferdeng, mat jeweils 1 Vertrieder vum Ëmwelt- an Economie-Ministère a KRONOSPAN.
Hei gouf dann och mol offiziell bestätegt, dass net alles bei KRONOSPAN an der Rei ass an dass et eng Reih Nonkonformitéite gëtt, déi bis Enn 2026 mussen behuewe ginn.
An den 2 Rapports d’expertise um Site vum Ëmweltministère ginn, fir 2025 zesummegeholl 12 non conformités mineures an och 7 non conformités significatives vermierkt.
- Nuetskaméidi - et bestätegt sech, dass de Kaméidi Nuets regelméisseg iwwert dem Grenzwäert läit / KRONOSPAN selwer konfirméiert bei hieren Tester 94 % Konformitéit
- Geroch – och hei ginn Iwwerschreidungen festgehalen bei Formaldehyd an Ammoniac (2 kriibserregent Substanzen) / KRONOSPAN huet dat endlech zouginn awer agelenkt, dass si no den amerikaneschen Normen gingen fueren a net no den europäeschen (an dat säit der Grënnung viru 40 Joer!)
- Stëpps – och hei ginn Problemer mat der Filteranlage an der Installatioun u sech / KRONOSPAN huet versprach den techneschen Probleme kuerzfristeg ze behiewen, méi Formatioune bei hierem Personal duerchzeféieren (fir dass Problemer éischter erkannt ginn) a méi séier ze reagéieren am Fall vun Depassementer.
De Vertrieder vum Ëmweltministère huet KRONOSPAN an der net ëffentlecher Versammlung opgeruff déi genannten Mängel ze behiewen, ouni awer Konsequenzen ze nennen fir de Fall wou dat nees net geschitt.
LINK zu den rapports d’expertise um Site vum Ëmweltministère :

Arrêtés d’exploitation 6.1. Fabrication, dans des installations industrielles, de: c) un ou plusieurs des panneaux à base de bois suivants: panneaux de particules orientées, panneaux d’aggloméré ou panneaux de fibres avec une capacité de production supérieure à 600 m3 par...

KRONOSPAN: Eis Suergekand an der Gemeng ass nach ëmmer net konform an déi al bekannte Problemer si leider och nach net b...
30/07/2026

KRONOSPAN: Eis Suergekand an der Gemeng ass nach ëmmer net konform an déi al bekannte Problemer si leider och nach net behuewen. D'Ëmweltverwaltung sammelt är Reklamatiounen. Link ënnen am Kommentar!

Les problèmes persistent malheureusement et la nonconformité n'est toujours pas résolue. L'administration de l'Environnement collecte vos plaintes. Lien sous le premier commentaire!

En treie Frënd a Matkämpfer huet eis verlooss. Äddi Pier!
23/07/2026

En treie Frënd a Matkämpfer huet eis verlooss. Äddi Pier!

  En ganz interessanten an opschlossräichen Bericht iwwert d’Bëschwanderung duerch de Bobësch mam Roger Schauls vum Dani...
21/07/2026

En ganz interessanten an opschlossräichen Bericht iwwert d’Bëschwanderung duerch de Bobësch mam Roger Schauls vum Daniel Schmit. Merci fir de flotten Artikel!

…Quasi 4 Joer sinn et hir , datt am Bobësch zu Suessem/Käerjeng ….Klimaaktivist.inn.en « Youth for c

Address


L-4986

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when BIGS - Biergerinitiativ Gemeng Suessem asbl posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Shortcuts

  • Want your organization to be the top-listed Non Profit Organization?

Share