Natur&ëmwelt Sektioun Kordall

Natur&ëmwelt Sektioun Kordall D’Sektioun “natur&ëmwelt Sektioun Kordall” ass dat lokaalt Standbeen vun der Associatioun “natur&ëmwelt a.s.b.l.” an de Gemengen Déifferdeng, Péiteng a Suessem

Als natur&ëmwelt Sektioun Kordall begréisse mir dës kloer an néideg Stellungnam géint d'Zerstéierung vum Naturraum bei H...
12/08/2026

Als natur&ëmwelt Sektioun Kordall begréisse mir dës kloer an néideg Stellungnam géint d'Zerstéierung vum Naturraum bei Hesper-Alzeng.

Gläichzäiteg stellt sech fir eis eng dréngend Fro:
Firwat gëtt et keng esou eng kloer an ëffentlech Stellungnam vun der Nationaldirektioun vun natur&ëmwelt, wann et ëm de Bau vum Contournement Käerjeng geet ?

Den Natur- an Ëmweltschutz däerf keng regional Ënnerscheeder maachen.

Och hei am Süde geet et ëm den Erhalt a Schutz vun alen, onersetzleche Bëschgebidder a Biotopen.

Den zerstéiereschen Impakt vum geplangtene Contournement ass zanter Joeren dokumentéiert a wäert eise Liewensraum nohalteg schiedegen.

Mir erwaarden dofir, datt d’Nationaldirektioun vun natur&ëmwelt hei mat der selwechter Entschlossenheet an Ëffentlechkeetsaarbecht agéiert.

🇱🇺 Als gréisst Naturschutzorganisatioun vum Land schwätzt sech natur&ëmwelt géint de Bau vum Contournement aus. 🏞️

Dëse géif duerch d'Häerz vum Natura-2000-Gebitt „Vallée supérieure de l'Alzette“ féieren an domat negativ Auswierkungen op dëst wichtegt Vulleschutzgebitt souwéi op déi ökologesch Funktioune vum gesamte Naturraum hunn. Ausserdeem géif de Stroosseprojet och d'Bëschgebidder südlech vun der Stad Lëtzebuerg duerchschneiden, déi schonn haut staark geschwächt sinn.
Fir méi Informatiounen fannt Dir den Avis op eiser Websäit.

****
🇫🇷 natur&ëmwelt, en tant que principale organisation de protection de la nature du pays, s'oppose à la construction de ce contournement qui, par son passage au cœur du site Natura 2000 de la « Vallée supérieure de l'Alzette », aura un impact très négatif sur cette importante zone de protection des oiseaux ainsi que sur les fonctions de l'ensemble de son écosystème naturel. 🏞️
Par ailleurs, le projet routier traverserait les forêts situées au sud de la Ville de Luxembourg, déjà fortement fragilisées.
Consultez l'avis sur notre site web.

01/08/2026
Merci an Äddi Pier,An déiwem Trauer ëm e grousse Frënd an engagéierten Veräinskolleg.D’Natur an Ëmwelt Sektioun Kordall ...
23/07/2026

Merci an Äddi Pier,
An déiwem Trauer ëm e grousse Frënd an engagéierten Veräinskolleg.
D’Natur an Ëmwelt Sektioun Kordall ass an déiwer Trauer iwwer de plëtzlechen an onerwaarte Doud vun eisem geschätzte Kolleg a Frënd Pierre JUNGERS.
Gëschter huet hien eis vill ze fréi verlooss.
Mat groussem Engagement fir d'Natur an als passionéierte Feldornitholog huet hien d'Vullewelt an eis lokal Natur net nëmme begleet, mee mat groussem Wëssen an onermiddlechem Asaz geschützt.
Seng Léift zur Ëmwelt an säi Fachwëssen waren eng Beräicherung fir eis all.
Hien hannerléisst eng Lück, déi schwéier ze fëllen ass.
Als Comitésmember an treie Kolleg wäert seng positiv Energie eis an eiser deeglecher Aarbecht feelen.
Mer verléieren e ganz gudde Frënd.
Eis Gedanke mat eisem déiwe Matgefill sinn an dëse schwéiere Stonnen bei senger Fra, dem Mado.

11/07/2026
07/07/2026

Eis al Bëscher sinn noutwendeg wa mer d’Klimakrise iergendwéi wëlle...

De Sonndeg hate mer eis éischt Aktivitéit vun der neier Sektioun Kordall. E grousse Merci dem Georges an dem Helena vun ...
29/06/2026

De Sonndeg hate mer eis éischt Aktivitéit vun der neier Sektioun Kordall.
E grousse Merci dem Georges an dem Helena vun der Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, déi eis als Guiden um Giele Botter begleet hunn. Si hunn eis souwuel mat hirem Fachwëssen begeeschtert wéi och mat hirer frëndlecher an häerzlecher Aart.

Déi nei Sektioun Kordall vun natur&ëmwelt invitéiert op hir Generalversammlung dëse Méindeg, den 8. Juni um 19 Auer am B...
06/06/2026

Déi nei Sektioun Kordall vun natur&ëmwelt invitéiert op hir Generalversammlung dëse Méindeg, den 8. Juni um 19 Auer am Boulodrome zu Bieles.

Wat ass nei? D'Sektioun Kordall regroupéiert vun elo un d'Aktivitéite vun de fréiere Sektiounen aus de Gemenge Suessem, Déifferdeng a Péiteng, fir déi regional Kooperatioun fir den Natur- a Vulleschutz zesummen unzegoen.

Kommt laanscht an diskutéiert mat eis iwwert eis zukünfteg Projeten. Och all spontan Kandidatur fir de Comité ass wëllkomm!

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Natur&ëmwelt Sektioun Kordall publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager