Expressis Verbis

Expressis Verbis Onofhängeg Informatiounen an Analyse säit 2021.

17/08/2026

Mit Expressis Verbis – Als eine der Personen, die am häufigsten seine/ihre Inhalte teilen, habe ich es gerade auf die Liste der aktivsten Follower der Woche geschafft!

Eng leider wéineg optimistesch mee dofir awer wierklech kompetent Analys vun de gesondheetleche Schied duerch Kontaminat...
14/08/2026

Eng leider wéineg optimistesch mee dofir awer wierklech kompetent Analys vun de gesondheetleche Schied duerch Kontaminatioun mam Spike-Protein vum SARS-CoV-2, souwuel duerch Impfung als och duerch Infektioun oder Shedding.
Link am Kommentar.

De krasseste Passage vun de rezent publizéierte Fauci-Dokumenter däerft wuel dee sinn, wou op den CDC Drock gemaach gouf...
05/08/2026

De krasseste Passage vun de rezent publizéierte Fauci-Dokumenter däerft wuel dee sinn, wou op den CDC Drock gemaach gouf, net ze kommunizéieren datt d'COVID-Impfung weder Infektioun nach Transmissioun wesentlech verhënnert (Bild 1).

Dat ass bei enger intramuskulär administréierter Impfung standart immunologescht Wëssen.

Bei enger Ëmfro vum ECDC zur Impfkampagne am Oktober 2020 huet eis Direction de la Santé wëssentschaftlech korrekt dat dann och an engem internen Dokument esou duergestallt (Bild 2).

Knapps dono (12. November) äntwert Mme Lenert an enger Question parlamentaire datt 60-70% vun der Populatioun missten geimpft sinn, fir datt et zu enger "Herdenimmunität" kennt. Dat geet awer nëmmen wann d'Impfung d'Transmissioun verhënnert. (Bild 3)

Domat hätten mer e weidert Beispill, datt et an der Politik ni ëm wierklech Wëssenschaft gang ass.

Quellen am Kommentar.

PS: wann méi Interessi zu deem Thema besteet, schreiwt eis et w.e.g. an de Kommentarer. Mir machen dann en regulären Substack-Artikel doraus.

Di nei publizéiert Fauci-Dokumenter bestätege leider wat ee schonn wosst.Zu den COVID19-Impfungen vu Schwangeren kommen ...
28/07/2026

Di nei publizéiert Fauci-Dokumenter bestätege leider wat ee schonn wosst.

Zu den COVID19-Impfungen vu Schwangeren kommen elo Hannergrond-Informatiounen op d'Tapéit déi een nëmmen nach sprachlos machen.

Sou wor den amerikaneschen Expären Ufank Mäerz 2021 kloer, datt den Impfstoff eng Gefor fir de Foetus kéint sinn. (Bild 1)

Hei am Land huet op Drock vun der Société Luxembourgeoise de Gynécologie et d’Obstétrique (SLGO) eng Kannerdoktesch (!) Enn Mäerz eng Impfempfeelung ausgeschafft, wou déi Gefor als komplett irrelevant duergestallt ginn ass. (Bild 2).

Quellen am Kommentar.

Wellech Fra déi esou eppes finanziell net néideg huet, mécht esou eppes?
16/07/2026

Wellech Fra déi esou eppes finanziell net néideg huet, mécht esou eppes?

Geet et em "Haass an Hetz" um Internet, dann ass d'Toleranzgrenz éischter niddereg, ausser wéi et schéngt de politesche ...
15/07/2026

Geet et em "Haass an Hetz" um Internet, dann ass d'Toleranzgrenz éischter niddereg, ausser wéi et schéngt de politesche Géigner ass viséiert. Wéi een aus historesche Beispiller eigentlech hätt misse geléiert hunn, ass et insgesamt ni et eng gutt Iddi den Opponent ze entmënschlechen an domat all Dialog a priori ofzeleenen. Mir gesinn leider och hei am Land eng Entwécklung déi héich geféierlech fir eng funktionéierend Demokratie ass.

Hutt dir iech scho jeemools eng Kéier gefrot, firwat Corona an eisem Nopeschland der Belsch villméi déidlech wor wéi bei...
14/07/2026

Hutt dir iech scho jeemools eng Kéier gefrot, firwat Corona an eisem Nopeschland der Belsch villméi déidlech wor wéi bei eis?
Eng Analys vum promovéierten Economist Markus Krall kéint op di Fro eng Äntwert liwweren: et gëtt erstaunlecherweis eng staark Korrelatioun zwëschent Staatsverscholdung a Prozentsaz vun COVID-Doudegen.
"Die wahrscheinliche Erklärung für diese Statistik ist daher nicht medizinischer, sondern wirtschaftlicher und politischer Natur. Da die Ökonomie eine Wissenschaft der Anreize und Knappheiten ist, stellt sich die Frage: Welchen Anreiz hatten die Länder mit hoher Verschuldung die Lage zu überdramatisieren?"

https://www.bundestag.de/resource/blob/1193696/21-27-42_Stellungnahme-des-SV-Dr-Markus-Krall.pdf

FYI. Alles ee groußen Veräin.
14/07/2026

FYI. Alles ee groußen Veräin.

En Dokter deen eigentlech "pro-Vax" ass, wollt eng Studie maachen déi beweise sollt, datt Kannerimpfungen tatsächlech ef...
12/07/2026

En Dokter deen eigentlech "pro-Vax" ass, wollt eng Studie maachen déi beweise sollt, datt Kannerimpfungen tatsächlech effikass an onschiedlech sinn. Leider ass dobäi de genaue Géigendeel eraus komm. Eng Doku déi dat Thema opgräift, "An Inconvenient Study" gëtt um Internet komplett gecancelt, d'AI vun X, de Grok, weess näischt dovun... (Bild 1)

Den Dr Ochs huet sech leschtens dozou zu Wuert gemellt.
https://www.facebook.com/share/v/1Xe52Vxevq/

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Expressis Verbis publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Expressis Verbis:

Raccourcis

Partager