03/09/2026
𝐒𝐚𝐮𝐞𝐫 + 𝐬𝐞́𝐢𝐬𝐬 = 𝐎𝐱𝐲𝐦𝐞𝐥! 🍯🌿
Och Sauerhunneg genannt. Den Numm Oxymel kënnt aus dem Algriicheschen:
oxys = sauer
meli = Hunneg
Schonn an der Antik gouf dës Mëschung aus Esseg an Hunneg benotzt – ënner anerem als traditionellt Heel- a Stäerkungsmëttel.
Gläichzäiteg ass et eng Méiglechkeet, fir Inhaltsstoffer aus Kraider, Wuerzelen, Bléien oder Friichten erauszeléisen.
Mäi Grondrezept hei am Glas:
🍎 500 ml Bio-Äppelesseg
🍯 500 g regionale Bio-Hunneg
🌿 +/- 50 g frësch Kraider, déi ech nach sou fonnt hunn:
Gielt Labkraut, Schafgarbe, Malvebléien, Spitzwegerich, Dost a Pissblummeblieder.
Den Esseg hunn ech liicht erwiermt – net iwwer 40 °C – an duerno den Hunneg dran opgeléist. D'Kraider kleng geschnidden an dann däerf dat Ganzt mindestens 4 Woche stoen, am beschten däischter.
𝐖𝐈𝐂𝐇𝐓𝐄𝐆: All Dag rëselen. Sou vermeit ee Schimmel. Soss 🤢a fort dermat.
Oxymel gëtt traditionell verdënnt mat Waasser gedronk, zum Beispill e Läffel an engem Glas Waasser. A wien sech dobäi méi modern fille wëll, nennt dat Ganzt einfach e „Wellness-Shot“. 😜