Naturpark.lu

Naturpark.lu Entdeck d'Aktualitéit vun den 3 Lëtzebuerger Naturparken Öewersauer, Our & Mëllerdall - gebündelt op enger Säit.

👀 Dës Woch ware mir mat engem Stand op der interinstitutioneller Foire vun der europäescher Kommissioun.👉 Hei hu mir déi...
12/06/2026

👀 Dës Woch ware mir mat engem Stand op der interinstitutioneller Foire vun der europäescher Kommissioun.

👉 Hei hu mir déi 3 Lëtzebuerger Naturparken presentéiert an eis iwwer vill interessant Gespréicher gefreet. 💪😊

Workshop fir schwanger Fraen 👀D'École du Goût vun den 3 Naturparken proposéiert e Workshop, dee sech ganz geziilt u schw...
11/06/2026

Workshop fir schwanger Fraen 👀

D'École du Goût vun den 3 Naturparken proposéiert e Workshop, dee sech ganz geziilt u schwanger Frae🤰 riicht. Schonn am Bauch sammelt de Bebe éischt Geschmackserfahrungen, déi säi Goût scho virun der Gebuert beaflossen.

An engem interaktiven Atelier gitt dir gewuer, firwat eng ofwiesslungsräich Ernärung an der Schwangerschaft an och duerno an der Zäit vum Nieren eng wichteg Roll fir d'Entwécklung vum Goût vum Kand spillt.👶

👉Hei alleguer d'Detailer op ee Bléck:

✅ Donneschdes, den 23. Juli vu 17 bis 19 Auer zu Branebuerg an der École du Goût
✅ D'Participatioun kascht 10€ pro Persoun
✅ Umeldung iwwer de Formulaire um Site: https://ecoledugout.lu/agenda/44

ℹ Dëse Workshop léisst sech och super mam Kachworkshop kombinéieren, deen de 6. August proposéiert gëtt an déi selwescht Thematik behandelt. ☺

03/06/2026

👉 Du hues Loscht a Solarenergie z'investéieren? Da profitéier vun der Geleeënheet scho mat enger klenger finanzieller Bedeelegung Part'en vun der PV-Anlag op der Sportshal vun der Regionalschoul Uewersauer ze kafen.

ℹ Komm de⏰15. Juni um 19 Auer op d'Info-Versammlung an d'Sportshal vun der Regionalschoul Uewersauer op Harel. Et brauch ee sech net unzemellen.☺

Wee kann eis hëllefen?
27/05/2026

Wee kann eis hëllefen?

‼️Dringend: Statiste fir e Videodréi gesicht! 🌿

Opgrond vun enger krankheetsbedingter Ofso siche mir nach ganz kuerzfristeg no Fräiwëllegen.

👉Gesicht gi Famillje mat Kanner am Alter vun 2 bis 6 Joer fir een Tournage um Wee "Mam Robi duerch de Bësch" am Parc Housen

📅 Wéini? Muer, um Donneschdeg, den 28. Mee um 17 Auer
📍 Wou? am Parc Housen

👉 Umeldung & Infoen: [email protected] oder whatsapp 691991769

D'Solarboot ass ee vun den Highlights aus dem Naturpark Öewersauer. Fir dës Woch sinn nach Plazen op verschiddene Fahrte...
26/05/2026

D'Solarboot ass ee vun den Highlights aus dem Naturpark Öewersauer. Fir dës Woch sinn nach Plazen op verschiddene Fahrte fräi. Um Site fannt dir all d'Infos an Disponibilitéiten. ☺️

Reservéiert elo ären Tour mam Solarboot ☀

Dir wëllt vum gudde Wieder profitéieren an de Stauséi emol aus enger anerer Perspektiv kenneléieren⁉

👉 Dann ass elo de Moment ze reservéieren. Mir hu fir dës Woch nach Plazen op verschiddene Faarte fräi a freeën eis iech d'Waasserregioun vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.

ℹ All d'Detailer an de Link fir online ze reservéieren fannt dir op eisem Site ☺️

https://www.naturpark-sure.lu/offer/das-solarboot/

Foto: Nathalie Leger

Mëllerdall Days 📣 (🇬🇧 version below)Kommt an entdeckt d'Regioun vum UNESCO Global Geopark Mëllerdall.☺👉 Profitéiert vu K...
12/05/2026

Mëllerdall Days 📣 (🇬🇧 version below)

Kommt an entdeckt d'Regioun vum UNESCO Global Geopark Mëllerdall.☺

👉 Profitéiert vu Kanner- a Familljenaktivitéiten, Virträg, Visitten a Wanderungen, Outdoor Yoga um Beeforter Schlass an engem gemittleche Kinosowend am Ciné Sura. E besonneschen Highlight ass e Picknick mat lokale Produkter vun de an immersiver Theaterperformance zu Rouspert.

ℹ Entdeckt de Programm um Site vum Natur- & Geopark Mëllerdall a profitéiert vun der Geleeënheet fir online är Plazen ze reservéieren. ☺
-------
🇬🇧 Come and discover the UNESCO Global Geopark Mëllerdall.☺

👉 Enjoy activities for children and families, talks, guided tours and hikes, outdoor yoga at Beaufort Castle, and a cozy movie night at Ciné Sura. A special highlight is a picnic with local products, combined with an immersive theatre performance in Rosport.

ℹ Discover the programme now on the website and take the opportunity to reserve your spots online. ☺

3 Naturparken - 1 Magazin 👀Entdeckt d'Aktualitéiten aus de Regiounen Öewersauer, Our a Mëllerdall gebündelt an engem Mag...
10/05/2026

3 Naturparken - 1 Magazin 👀

Entdeckt d'Aktualitéiten aus de Regiounen Öewersauer, Our a Mëllerdall gebündelt an engem Magazin. ☺

https://isu.pub/IK0Zurt

Naturpark Öewersauer | Naturpark Our | Natur- & Geopark Mëllerdall

‼ Job-Offer ‼Mir sinn op der Sich no Verstäerkung fir d'Ekipp vun de gemeinsame Mataarbechter vun den 3 Lëtzebuerger Nat...
09/05/2026

‼ Job-Offer ‼

Mir sinn op der Sich no Verstäerkung fir d'Ekipp vun de gemeinsame Mataarbechter vun den 3 Lëtzebuerger Naturparken. Konkret gëtt no enger Persoun gesicht, déi sech fir déi regional Produzenten asetzt an de Projet "Natur genéissen" geréiert. Interessente kënne sech bis den 8. Juni beim Natur- & Geopark Mëllerdall mellen. 📥

👉 Weider Detailer ginn et iwwer de Link am éischte Kommentar.

06/05/2026

Wasserfest - Sonndes, de 17. Mee vun 11 bis 17 Auer op der Toodlermillen. Aktivitéite fir Grouss a Kleng ronderëm d'Waasser. 💦

ℹ Profitéiert och vu gratis Navette vun der Gare op der Giewelsmillen bis op d'Fest. 🚏

E wichtegen Dag fir den Natur- & Geopark Mëllerdall 👏
27/04/2026

E wichtegen Dag fir den Natur- & Geopark Mëllerdall 👏

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturpark.lu publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager