Animal Rescue Midgard

Animal Rescue Midgard Animal Rescue Midgard A.S.B.L. (Déiereschutz Kayl/Roeser)
(F0009869) Animal Rescue Midgard is a non-profit organization from Luxembourg
( A.S.B.L. )
(2)

25/05/2026

Net nemme d Henn mee och all dei anner Déieren brauchen bei desen Temperaturen ofkillung
passt op Iech an aer Hausdéieren op

Dës Spenden hunn Haut de Wee bei den Veräin Anima Pro Terra fond fir Déieren a Rumänien
17/05/2026

Dës Spenden hunn Haut de Wee bei den Veräin Anima Pro Terra fond fir Déieren a Rumänien

17/05/2026

Mir sichen dech ❤️🐾
E klenge Schratt vun dir kann fir en Déier déi ganz Welt bedeiten.

Mir sinn en engagéierten Déiereschutz a sichen fräiwëlleg Hëllef vu Mënschen, déi een Häerz fir Déieren hunn an eis wëllen ënnerstëtzen. Net jidderee kann adoptéieren oder grouss Sue spenden — mee och Zäit, Hëllef an Engagement kënnen immens vill bewierken.

Wat mir maachen:
🐱 Ënnerstëtzung vu Kazen-Sterilisatiounsprogrammer
– Falen opstellen, Kazen ofsécheren, ofhuelen oder transportéieren

🎁 Spenden sammelen
– fir Fudder, Veterinärkäschten an Noutfäll

🛍️ Op Mäert an Evenementer mat hëllefen
– Informatioun ginn, Saachen verkafen oder einfach präsent sinn

🚗 Spenden- a Transportfaarten organiséieren
– Fudder, Material oder Déieren op déi richteg Plaz bréngen

🏡 Bei eventuelle Pflegedéieren aushelfen
– nëmme wann et fir dech méiglech ass

Mir sichen keng perfekt Leit.
Mir sichen Mënschen mat Häerz.

All Persoun hëlleft op hir Aart:
E puer hu vill Zäit, anerer just heiansdo. An och dat ass wäertvoll.

Déiereschutz ass net ëmmer einfach. Et gëtt och traureg Momenter. Mee et ginn och déi Momenter, wou eng Kaz endlech Vertrauen fënnt oder en Déier eng zweet Chance kritt. An genee dofir maache mir et.

Wann s du Loscht hues, eppes Guddes ze maachen an Deel vun engem häerzleche Team ze ginn, da mell dech bei eis. 🐾

Zesumme kënne mir vill beweegen.

10/05/2026

nach de ganze Metten zu Kayl am Park

21/04/2026

🌿🐾Tipp vun der Woch

Oh nee… mäin Déier huet Fléi – a wat elo?

Vill Leit gräifen direkt zu cheemesche Mëttelen. Mee Produiten wéi Frontline & Co. kënnen Niewewierkungen hunn a sinn net ëmmer onbedenklech fir eis Hausdéieren.

🌿 Et ginn och natierlech , déi een als éischt ausprobéiere kann.

Zum Beispill Kieselgur – eng natierlech Hëllef géint Fléi a 🐾

Och bekannt als Diatomeenerd, ass Kieselgur e fein, natierlecht Pudder aus versteinerten Algen. Et wierkt, andeems et d’Schutzschicht vu Fléi a Zecken beschiedegt – si dréchnen aus an stierwen.

Kieselgur kann een virsiichteg am Pelz verdeelen, besonnesch op Plazen wéi Hals, Réck oder Bauch. Et ass wichteg, nëmmen liewensmëttelgeeegent Kieselgur ze benotzen an drop opzepassen, an datt d’Déier et net anootemt.

Och am Haushalt kann et hëllefen, zum Beispill op Teppecher oder Schlofplazen, fir Fléi an hir Eeër ze bekämpfen.

🐔 Ech perséinlech benotzen Kieselgur haaptsächlech bei mengen Hinger– mat ganz gudden Erfarungen. Ech kafen et online, well ech do eng gutt Mark fonnt hunn:
👉 link an den Kommentaren

(Natierlech ginn et och aner gutt Marken – dat ass just déi, mat där ech gutt Erfarung gemaach hunn.)

✨ Eng natierlech an einfach Alternativ – awer trotzdem ëmmer bewosst a mat Virsiicht uwenden.

Kennt dir et schonn oder hutt dir et schonn ausprobéiert?
Deelt är Erfarungen gär an de Kommentaren 💬

Mat freed kenne mir Iech erem matdeelen dass mir och dest Joer erem um    2026 zu Kayl dobei wärte sinn.mat engem Stand ...
17/04/2026

Mat freed kenne mir Iech erem matdeelen dass mir och dest Joer erem um 2026 zu Kayl dobei wärte sinn.

mat engem Stand wou dir iech iwert ons Aarbescht informeieren kennt, awer och iwert d Gesondheet vum Deier, well och daat ass een Deel vunn eiser Aarbescht.
Zudem bidde mir Iech flott Artikelen un fir de Mensch wei och fir Deieren

Mir freeen ons Iech den

👉10.05.2026 zu am zebegreissen

Ärt Team Animal Rescue Midgard asbl 🫶🐾🐾

👍
14/04/2026

👍

🐶 Éischt Hëllef beim Hond – firwat et esou wichteg ass?
ech schwetzen leider aus Affarung

Wësst dir, wéi dir ärem Hond am Noutfall richteg hëllefe kënnt?

Net selten kennt et zu Beisserreien oder den Mupp vertreppelt sech. d Leschtens ass mein Mupp zB an Rousen Dornen getreppelt.

Daat sinn nemmen kleng Beispiller mee Éischt Hëllef kann am schlëmmste Fall Liewe retten – grad wéi bei Mënschen.

Ob kleng Blessuren, en Insektestéch oder e méi eeschte Noutfall: séier a richteg handelen mécht en enormen Ënnerscheed. Net ëmmer ass direkt en Déierendokter do, dofir ass et wichteg, gutt virbereet ze sinn.

Mat e bëssen Basiswëssen an enger klenger Éischt-Hëllef-Täsch fir den Hond sidd dir scho gutt equipéiert. Et geet net drëm, den Déierendokter ze ersetzen, mee déi éischt Minutten ze iwwerbrécken an ärem Déier Sécherheet ze ginn.

👉 Informéiert iech, bleift roueg am Noutfall – an denkt drun: Är Hëllef kann entscheedend sinn.

❤️ Fir eis véierbeineg Frënn nëmmen dat Bescht!

hei puer Links zu Produkter dei all Muppebesetzer sollt Doheem hunn resp. och beim greisseren Spazeiergäng sollt dobei hunn

1. klengen Ratgeber Notfallbuch für den Hund: Kleiner Leitfaden zur Ersten Hilfe https://amzn.to/3Q8bggY
2. eng kleng 1st Hëllefs Täsch https://amzn.to/4og8ym5

07/04/2026

Schéine gudde Moien

iwwerall gi reegelméisseg Helfer gebraucht, sou och bei ons am Veräin. Hellëfen kann een schon mat puer Stonnen aushellëf op engem Maart oder Déieren siichen goen, Spendenfahrt an villes méi.

Bass du Motivéiert an hues Loscht an engem Team zesummen zeschaffen fir den Déieren zehëllefen
da mell dech gären bei ons 😉

[email protected]
oder PN hei op Facebook

merci fir d Spenden ❤️❤️
08/02/2026

merci fir d Spenden ❤️❤️

merci fir d Spenden fir op eise maart
31/01/2026

merci fir d Spenden fir op eise maart

Adresse

Kayl

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Animal Rescue Midgard publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Animal Rescue Midgard:

Partager