Natur&ëmwelt Kanton Gréiwemaacher

Natur&ëmwelt Kanton Gréiwemaacher Wir sind eine Sektion des Dachverbandes 'natur&ëmwelt a.s.b.l.' vom Kanton Grevenmacher. 1. Wir sollten einander mit Respekt behandeln.

Sei höflich und freundlich

Wir alle sind für einen freundlichen Umgang miteinander verantwortlich. Diskussionen sind etwas völlig Normales, doch sollte es dabei nicht an Höflichkeit mangeln.

2. Keine Hassrede oder Mobbing
Jede/r soll sich sicher fühlen. Mobbing jeglicher Art ist nicht erlaubt, und erniedrigende Kommentare aufgrund von ethnischer Zugehörigkeit, Religion, Kultur, sexueller Orientierung, Geschlecht oder Identität werden nicht toleriert.

3. Sprachen
Da wir das Vorrecht haben, in einem multikulturellen Land leben zu dürfen, kann hier in Luxemburgisch, Deutsch und Französisch gepostet werden.

4. Fotos
Neben einer freundlichen und höflichen Sprache sind hier auch nur Fotos und Bilder erlaubt, die niemanden beleidigen oder kompromittieren. Ebenfalls ist das Urheberrecht zu beachten.

Dir wëllt méi iwwer d‘Vigel zu Lëtzebuerg léieren? Dir wëllt se kennen um Ausgesinn oder Gesang erkennen? Dann ass dëse ...
24/09/2026

Dir wëllt méi iwwer d‘Vigel zu Lëtzebuerg léieren? Dir wëllt se kennen um Ausgesinn oder Gesang erkennen? Dann ass dëse Cours genau dat richtegt fir iech!
Mellt iech séier un, d‘Plaze si limitéiert.
👇🏼🦅🦆🐦‍⬛🦉

21/09/2026

D‘Wiel zum Vull vum Joer ass op! Kuckt iech hei de Video vum 1. Kandidat un, dem Feldspatz 🪶

09/09/2026

E léierräiche Video iwwer d‘Beréngung vu jonken Tuermfalléke mat zwee verschiddene Réng 💡🦅

03/09/2026
Am Hierscht start nees déi flott Serie vun Online-Konferenzen vun der Société des naturalistes. Hei kënnt dir iech a kle...
28/08/2026

Am Hierscht start nees déi flott Serie vun Online-Konferenzen vun der Société des naturalistes. Hei kënnt dir iech a klengen Online-Virträg en Abléck an aktuell Fuerschung an naturschutzrelevant Theme verschafen. 🌳💡

Kuckt emol gären eran. Eng Umellung (gratis) ass hei méiglech:
https://www.snl.lu/events/serie-vu-videokonferenzen/

Eis Noopeschsektioun Natur&Ëmwelt Wormer organiséiert zwee flott Evenementer: De 5. September kënnt dir e gesellegen Nom...
27/08/2026

Eis Noopeschsektioun Natur&Ëmwelt Wormer organiséiert zwee flott Evenementer:
De 5. September kënnt dir e gesellegen Nomëtteg an hirem schéine Gaart verbréngen 🌿
An den 3. Oktober kënnt dir un enger Champignon-Wanderung deelhuelen. 🍄‍🟫

Mellt iech gären un!

Wéi ass den Zoustand vun eise Beem, wéi geet et eise Wëlldéieren a wéi kann eng gesond Zukunft vun eisem Bësch ausgesinn...
04/08/2026

Wéi ass den Zoustand vun eise Beem, wéi geet et eise Wëlldéieren a wéi kann eng gesond Zukunft vun eisem Bësch ausgesinn? Dës a vill weider Froe beäntwert de Fierschter vun der Gemeng nächste Sonndeg op enger Sortie am Bësch tëscht Mäertert a Manternach. 🌳🦌

Mellt iech gären un!
Commune de Mertert-Wasserbillig

Dëse Sonndeg ass et souwäit: Zesumme mat der Commune de Mertert-Wasserbillig invitéiere mir op eis Familljerallye. Dépar...
27/07/2026

Dëse Sonndeg ass et souwäit: Zesumme mat der Commune de Mertert-Wasserbillig invitéiere mir op eis Familljerallye. Départ ass um 9h30 zu Mäertert bei der Kierch. Op enger Streck vun 3 Kilometer erwaarden iech e puer flott Spiller a Rätselen, déi geléist musse ginn.

💡Mellt iech nach bis en Donneschdeg mat ärer Ekipp oder Famill iwwer [email protected] bei eis un.

Zil ass um 12h00 beim Coin de l'Apéro vun den Noperschafschaoten.

Engagement laanscht d‘Musel - Echange mat der Sektioun Natur&Ëmwelt Wormer 🌿Gëscht Owend waren eis Comitésmemberen op Be...
07/07/2026

Engagement laanscht d‘Musel - Echange mat der Sektioun Natur&Ëmwelt Wormer 🌿

Gëscht Owend waren eis Comitésmemberen op Besuch beim Comité vun der Sektioun Wormer. Si hunn eis an hire Gaart invitéiert, dee si selwer ugeluecht hunn a reegelméisseg fleegen. 🪏🪴

Bis an den Owend era souze mir zu Wormer, dat mat enger schéiner Vue op d‘Musel, engem excellente Maufel vu selwergemaachten Zaloten, Nuddele mat Pesto an Desserten, an engem gudde Patt. 🍷☀️

Et war e gudden éischte Schratt fir eis ënnert de Sektioune besser mateneen ze vernetzen an zukünfteg gemeinsam Aktivitéiten ze plangen. Villmools Merci un d‘Sektioun Wormer - mir freeën eis op den nächsten Echange. 💡

E Sonnden, 2. August, proposéiere mir zesumme mat der Commune de Mertert-Wasserbillig e flotte Familje-Rallye duerch d'N...
05/07/2026

E Sonnden, 2. August, proposéiere mir zesumme mat der Commune de Mertert-Wasserbillig e flotte Familje-Rallye duerch d'Natur vu Mäertert. Mellt iech gären un!

Adresse

Grevenmacher

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Natur&ëmwelt Kanton Gréiwemaacher publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager