LSK - Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern

Site Web

LSK - Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern Mir sinn den Studentencercle zu Lautern vun den Lëtzebuerger De Club ass 1981 vu 7 Leit gegrënnt ginn an ass zënter hier ëmmer méi grouss ginn.

• LSK - Membersgrupp
https://www.facebook.com/groups/195163333831523

• LSK SPORT
https://www.facebook.com/groups/575145625853651

• Matfuergeleeënheeten Lëtzebuerg - Kaiserslautern
https://www.facebook.com/groups/960245037677872

• ALSK (Amicale vu den Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern)
https://www.facebook.com/groups/18079439539


► Ween si mir? Eise Veräin ass politesch a reliéis neutral an huet keen aneren Zweck, wéi d’Studenteliewen opzelackeren. De Moment studéieren zirka 300 Lëtzebuerger zu Lautern, dovu sinn der ronn 100 am LSK. Et muss een net onbedéngt Lëtzebuerger si fir am LSK ze sinn, mee fir aktive Member ze gi sollt ee schonns studéieren.


► Wat maache mir? Eis Aktivitéite konzentréieren sech um kulturelle Plang:
Mir sinn um ACELS’s Bal am Juli vertrueden. Am Wanter ass eis berüümte Chrëschtfeier mat all eise Memberen. Nieft eisem Stammdësch, deen all Dënschden am "Witches" ass, gi mir 1 mol am Joer all zesumme Flammkuchen iessen an organiséieren eng Bistropiade wou sech 2er-Mannschaften an de Kneipensportaarten Dart, Billard a Kicker moosse kënnen. Des Weideren hunn mir nach aner Aktivitéite wéi: Bowlingowend, Pokerturnéier, Kneipentour,...

Donieft si mer och op der Foire de l’Etudiant present, si Member vun der Acel a sinn och soss virbäi wann eppes leeft.



►Wat leeft soss sou am LSK? Mir hunn eis eege Sportsekippen, am Fussball a Volleyball an dofir och Terminer op der Uni wou d’Terraine fir eis reservéiert sinn. Duerch de LSK léiert ee méi séier aner Leit kennen. Dat ass vu Virdeel well een esou seng Erfarunge mat deenen eelere Semestler austausche kann. Eise Veräin ass ëmmer bereet fir ze hëllefe wann et Problemer ginn, zemools den Éischtsemestler, déi sech nach aliewe mussen a frou si fir all Hëllef déi se kréien.

Et ass rëm souwäit, fir dëst Wantersemester hu mir rëm eng rei Eventer fir iech op d‘ Bee gestallt.Wei all Semester , hu...
11/10/2026

Et ass rëm souwäit, fir dëst Wantersemester hu mir rëm eng rei Eventer fir iech op d‘ Bee gestallt.

Wei all Semester , hu mir iech eng Lescht erstallt mat den Infos wéini wat wou ass 🎣🍻

Zesumme mat anere Lëtzebuerger Studentecercelen hu mir den LSK op der REEL 2026 zu Oochen vertrueden.Nieft spannenden Di...
30/09/2026

Zesumme mat anere Lëtzebuerger Studentecercelen hu mir den LSK op der REEL 2026 zu Oochen vertrueden.

Nieft spannenden Diskussiounen an interessanten Ablécker an d'Politik koum natierlech och de Spaass net ze kuerz. Et war eng flott Geleeënheet, fir sech auszetauschen, nei Leit kennenzeléieren an zesummen e flotten Weekend ze verbréngen. 🐟🍻

24/09/2026

Reel 2026 Social Media Workshop

Haut wëlle mir iech eise Sponsor Schroeder & Associés S.A. virstellen! Schroeder & Associés S.A. ass en Ingenieursbüro z...
29/08/2026

Haut wëlle mir iech eise Sponsor Schroeder & Associés S.A. virstellen!

Schroeder & Associés S.A. ass en Ingenieursbüro zu Lëtzebuerg, dat an enger grousser Villfalt vu Beräicher aktiv ass.

Vun Bauingenieurwesen, Infrastruktur a Mobilitéit bis hin zu Ëmwelt, Energie, Gebaitechnik an technescher Planung, bei Schroeder & Associés S.A. schaffen Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher zesummen.

Doduerch bitt d'Firma och eng grouss Auswiel u Beruffer an Karriärméiglechkeeten, ënner anerem fir Ingenieuren, Techniker, Architekten an aner Fachleit.

E grousse Merci un Schroeder & Associés S.A. fir d'Ënnerstëtzung!

Haut wëlle mir iech eise Sponsor CFL, Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois virstellen! D'CFL ass de natio...
22/08/2026

Haut wëlle mir iech eise Sponsor CFL, Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois virstellen!

D'CFL ass de nationale Eisebunnsoperateur vu Lëtzebuerg a bitt eng grouss Villfalt u Beruffer an Aarbechtsméiglechkeeten un.

Vun Lokführer, Zuchbegleeder a Maintenance bis hin zu Informatik, Ingenieurswiesen, Logistik, Administratioun a Management, bei der CFL fënnt een eng breet Palette u Beruffer a verschiddene Beräicher.

D'CFL beschäftegt Leit mat ganz ënnerschiddleche Kompetenzen an Ausbildungshannergrënn a bitt domat och interessant Perspektive fir jonk Leit an Studenten.

E grousse Merci un d'CFL fir d'Ënnerstëtzung!

Haut wëlle mir iech eise Sponsor Creos Luxembourg virstellen! Creos Luxembourg ass de Gestionnaire vun de Stroum- an Äer...
17/08/2026

Haut wëlle mir iech eise Sponsor Creos Luxembourg virstellen!

Creos Luxembourg ass de Gestionnaire vun de Stroum- an Äerdgasnetzer zu Lëtzebuerg. D'Firma këmmert sech ëm d'Planung, de Bau, den Ënnerhalt an d'Gestioun vun dësen Netzer a suergt domat dofir, datt d'Energie sécher an zouverlässeg bei de Leit ukënnt.

Creos Luxembourg spillt och eng wichteg Roll bei der Energietransitioun a schafft un der Entwécklung an Digitaliséierung vun den Energienetzer vun der Zukunft.

Mat iwwer 940 Mataarbechter, ronn 12.700 km Stroumnetz an iwwer 2.200 km Gasnetz ass Creos e wichtege Bestanddeel vun der Energieinfrastruktur zu Lëtzebuerg.

E grousse Merci un Creos Luxembourg fir d'Ënnerstëtzung!

Bei eiser Entrevue mat Schroeder & Associés S.A. kruten eis Memberen interessant Ablécker an d'Aarbecht vun enger féiere...
04/08/2026

Bei eiser Entrevue mat Schroeder & Associés S.A. kruten eis Memberen interessant Ablécker an d'Aarbecht vun enger féierender Ingenieursfirma zu Lëtzebuerg. 👷‍♀️📐

No der Presentatioun gouf et bei engem gemittlechen Iessen nach vill Geleeënheet, sech auszetauschen, Froen ze stellen an nei Kontakter ze knäppen. 🍽️💬

E grousse Merci un Schroeder & Associés fir déi spannend Presentatioun an den flotten Owend, an natierlech och un all déi, déi dobäi waren! ❤️

Mir freeën eis schonn op déi nächst Entrevue 🐟

Bei eiser Draisinentour hu mir zesummen déi schéin Landschaft ronderëm Lauterecken op eng ganz besonnesch Aart entdeckt....
30/07/2026

Bei eiser Draisinentour hu mir zesummen déi schéin Landschaft ronderëm Lauterecken op eng ganz besonnesch Aart entdeckt. ☀️🚃

E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren an dësen Dag mat eis verbruecht hunn!

Mir freeën eis schonn op déi nächst gemeinsam Aktivitéiten am Wanter.

Adresse

2, Avenue De L'Université
Esch-sur-Alzette
4365

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LSK - Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager