22/04/2026
D’Amicale invitéiert op hire Reconnect-Owend, deen e Mëttwoch, den 13.5.2026 um 19.30 Auer, virum Feierdag stattfënnt. Mir freeën eis op e flotten, inspiréierenden Owend am PARC LE’H, wou en excellente Menu op eis waart!
Umeldungen nëmme bis de 06.05.2026 iwwert e Mail op [email protected] an dem äre Choix steet vun deenen eenzele Platen an op een de Forfait Boissons (=VV) wëllt.
Dat heescht z.B. : AE2+VV
D’Reservéierung ass definitiv mat engem Virement op eise Konto:
AMICALE DU LYCÉE NIC BIEVER
LU66 0019 7955 8618 3000
60 Euro fir de Menu
25 Euro fir de Forfait Boissons ( 4 Glieser Wäin oder Béier an 1/2 l Waasser)
Alles wat doriwwer eraus consomméiert gëtt, gëtt owes sur Place bezuelt.
D’Amicale ass frou eng Coupe Bubbly vum Schumacher-Lethal als Aperitif mat hiren 2 amuse-bouche ze offréieren.
Bis den 13.05.2026 also🥂