Kultur a Patrimoine Konsdref - KuPa

Kultur a Patrimoine Konsdref - KuPa Traditiounen etc.)

aus iesen Objektiver:
Erhalt, Restauratioun a Revalorisatioun vum kulturelle Patrimoine an all sengen Aspekter: den architektoneschen, den archeologeschen an den immateriellen (wéi z.B. Aktuell Besetzung vum Kommitee:
- André Kirsch (President)
- Tanja Konsbrück (Sekretärin)
- Sonja Baum (Tresorière)
- Fernande Eipers (Member vum Kommitee)

Fir een steierlech, ofsetzbaren Don fir eis Projet'en ze

maachen:
https://www.focuna.lu/fr/Plateforme-de-collecte-de-fonds-en-ligne-pour-structures-et-associations-culturelles/Kultur-a-Patrimoine-Konsdref-KuPa-a-s-b-l-

Iechternach a virun allem d'archäologesch Iwwerreschter ënner der Petite Marquise wierken wäit iwwer d'Stadgrenzen eraus...
16/08/2026

Iechternach a virun allem d'archäologesch Iwwerreschter ënner der Petite Marquise wierken wäit iwwer d'Stadgrenzen eraus. Dofir däerfen och Touristen an d'Awunner aus der Regioun bei dëser Ëmfro matmaachen, déi Afloss drop huet a wéi eng Richtung dat geet, wat op der Plaatz entstoen wäert. Är Meenung zielt a mir ruffen all eis Follower op sech hei aktiv a konstruktiv ze bedeelegen. 😀

🇩🇪 Wie soll ein Ort aussehen, der Geschichte erzählt und gleichzeitig Zukunft gestaltet?

Mit dem Projekt Petite Marquise / Epternacum entsteht im Herzen der Echternacher Altstadt ein besonderer Ort. Nach den bedeutenden archäologischen Entdeckungen bietet sich die Chance, Geschichte neu erlebbar zu machen – als lebendigen Treffpunkt für Kultur, Begegnung und Tourismus.

Bevor die nächsten Planungsschritte beginnen, möchten wir Ihre Meinung hören.
Ob Sie in Echternach leben, hier arbeiten, regelmäßig zu Besuch sind oder unsere Stadt als Tourist entdecken – Ihre Perspektive ist wertvoll.

📝 Die Teilnahme dauert nur etwa 10 Minuten und ist bis zum 30. September möglich.

➡️ Nehmen Sie jetzt an der Umfrage teil:
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfJa8o7MPBS0bBG37Fc52q2Tqm5G6b45S30IvMsVl08cGEN5w/viewform

Gestalten Sie mit uns die Zukunft der Petite Marquise / Epternacum.

🇫🇷 Et si vous participiez à imaginer un lieu où le patrimoine rencontre l'avenir ?

Avec le projet Petite Marquise / Epternacum, un nouveau lieu prendra vie au cœur du centre historique d'Echternach. À la suite des importantes découvertes archéologiques, l'ambition est de créer un espace vivant dédié au patrimoine, à la culture, à la rencontre et au tourisme.

Avant d'entamer la prochaine phase de conception, nous souhaitons connaître votre avis.

Que vous habitiez Echternach, que vous y travailliez, que vous soyez visiteur ou touriste, votre opinion compte.

📝 Le questionnaire dure environ 10 minutes et est accessible jusqu'au 30 septembre.

➡️ Participez dès maintenant :
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfJa8o7MPBS0bBG37Fc52q2Tqm5G6b45S30IvMsVl08cGEN5w/viewform
Construisons ensemble l'avenir de la Petite Marquise / Epternacum.

🇬🇧 What should a place that connects history with the future look like?

The Petite Marquise / Epternacum project offers a unique opportunity to create a vibrant destination in the heart of Echternach's historic town centre. Building on remarkable archaeological discoveries, the vision is to develop a place that brings together heritage, culture, community and tourism.

As the project moves into its next planning phase, we would like to hear your ideas.
Whether you live in Echternach, work here, visit regularly or are discovering the city as a tourist, your perspective is valuable.

📝 The survey takes approximately 10 minutes to complete and will remain open until 30 September.

➡️ Take part here:
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfJa8o7MPBS0bBG37Fc52q2Tqm5G6b45S30IvMsVl08cGEN5w/viewform

Together, let's help shape the future of Petite Marquise / Epternacum.

Léiffrawëschdag zu Konsdref – e flotte Brauch lieft nees op:Um Léiffrawëschdag huet d’KuPa (Kultur a Patrimoine Konsdref...
15/08/2026

Léiffrawëschdag zu Konsdref – e flotte Brauch lieft nees op:

Um Léiffrawëschdag huet d’KuPa (Kultur a Patrimoine Konsdref) zu Konsdref e Workshop organiséiert, bei deem d‘Participanten d’Geleeënheet haten, selwer en traditionelle Wësch zesummenzestellen.
Ënner der fachlecher Leedung vun der Mme Anne-Marie Simonis an hir Duechter Julie kruten d’Leit interessant Erklärungen iwwer de Brauch vum Léiffrawëschdag an de Krautwësch, iwwer déi verschidde Kraider a Planzen, déi fir de Wësch gesammelt ginn, an och iwwer hir traditionell Bedeitung. Duerno goufen déi gesammelte Planze mat vill Freed a Geschéck zu engem Wësch gebonnen.
Uschléissend goufen d’Wëscher vum Paschtouer Carlo Morbach geseent.
Mat dësem Workshop huet d’KuPa e schéine Lëtzebuerger Brauch zu Konsdref nees opliewe gelooss. De Léiffrawëschdag verbënnt Traditioun, Natur a Gemeinschaft a mécht eis op eng ganz konkret Manéier mat engem Stéck vun eisem kulturelle Patrimoine vertraut.


IKI Immateriellt Kulturierwen Lëtzebuerg

Natur- & Geopark Mëllerdall

(Fotoen: Fernande Eipers a Carlo Meyer)

Mir freeën eis iwwer déi Initiative! Weider esou 😄
05/08/2026

Mir freeën eis iwwer déi Initiative! Weider esou 😄

30/07/2026

Vum 9. bis den 23. September 2026 invitéiere mir op d'Niklos-Expo an der Kierch zu Konsdref – eng interaktiv Ausstellung ronderëm de hellege Niklos.
📍 Niklos-Expo
🗓️ 09.09. – 23.09.2026 (all Dag vun 8.30-18.30 op)
⛪ Kierch vu Konsdref

Wärend der Expo ginn extra Féierungen/Aktivitéite fir Kanner- a Senioregruppen ugebueden - bäi Interssi mellt Iech bei [email protected] (am Beschte bis den 10.08.2026).

D'Ausstellung gëtt organiséiert vun der Erwuessenebildung a Kooperatioun mat Kultur a Patrimoine Konsdref, mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Par Regioun Iechternach St. Willibrord, der Gemeng Konsdref a villen aneren.

Vum 9. bis den 23. September 2026 invitéiere mir op d'Niklos-Expo an der Kierch zu Konsdref – eng interaktiv Ausstellung...
26/07/2026

Vum 9. bis den 23. September 2026 invitéiere mir op d'Niklos-Expo an der Kierch zu Konsdref – eng interaktiv Ausstellung ronderëm den hellege Niklos.

📍 Niklos-Expo
🗓️ 09.09. – 23.09.2026 all Dag vun 8.30-18.30 Auer op
⛪ Kierch vu Konsdref

D'Ausstellung gëtt organiséiert vun der Erwuessenebildung a Kooperatioun mat Kultur a Patrimoine Konsdref, mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Par Regioun Iechternach St. Willibrord, der Gemeng Konsdref a villen aneren.

👉Wärend der Expo ginn och extra Féierungen fir Kannergruppen resp. Senioregruppen ugebueden. Am Kalenner sinn nach Plaze fräi - zéckt net fir Är Kannergrupp/Schoulklass/Senioregrupp unzemellen.

ErwuesseBildung Gemeng Konsdref Par Regioun Iechternach St Willibrord Ministère de la Culture, Luxembourg


Dir dierft och mat ausstellen: Mat Ärem Bäitrag hëlleft Dir, d'Geschicht an d'Traditioune ronderëm de Kleeschen lieweg ze halen an engem grousse Publikum ze weisen.

📧 Interesse fir mat auszestellen?
Mellt Iech bei:
[email protected]

Kultur a Patrimoine Konsdref - KuPa

Invitatioun fir de Workshop: Léiffrawësch selwer bannenDe Léiffrawësch gehéiert zu de schéinsten a bekanntste Summertrad...
22/07/2026

Invitatioun fir de Workshop: Léiffrawësch selwer bannen

De Léiffrawësch gehéiert zu de schéinsten a bekanntste Summertraditiounen zu Lëtzebuerg. Zënter Generatioune sammelen d’Leit am August Kraider, Blummen a Fruucht aus der Natur a bannen se zu engem Wësch. An dësem Workshop léiere mir verschidde traditionell Kraider kennen, entdecken hir fréier Notzung als Heel- a Schutzplanzen a bannen zesummen eisen eegene Wësch, den Dir dann mat Heem huelen kënnt. De Workshop riicht sech virun allem un Erwuessener, déi sech fir Natur, Heelkraider an eist immateriellt Kulturierwen interesséieren. Virkenntnesser sinn net néideg a Kanner sinn an der Begleedung vun engem Erwuessenen och häerzlech wëllkomm.

Datum: 15. August
Plaz: virun der Kierch zu Konsdref (oder hannen an der Kierch, je no Wierder)
Rdv: 10.00 Auer

Schéier, Ficelle souwéi d’Material fir de Wësch gi gestallt.
Matbréngen: Gaardeschéier (falls Dir keng hutt: mir hunn der puer op Virrot do)

Mir freeën eis op e gesellegen an inspiréierende Moien am Zeeche vun engem liewege Kulturierwen.

PROGRAMM:
Kuerz Aféierung an d’Geschicht a Bedeitung vum Léiffrawësch
Erklärungen vun de Kraider a Planze vum Léiffrawësch
Banne vum Wësch
Op Wonsch kann de Wësch uschléissend an der Kierch geseent ginn.


Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf - OSBC
Par Regioun Iechternach St Willibrord

Bravo, endlech geet dës dringend Restauratioun un eiser Kierch un. 😀
20/07/2026

Bravo, endlech geet dës dringend Restauratioun un eiser Kierch un. 😀

D'Haus "A Bra" an der Iechternacherstrooss ass leider bannendran zimmlech radikal renovéiert ginn a vun der Scheier ass ...
13/07/2026

D'Haus "A Bra" an der Iechternacherstrooss ass leider bannendran zimmlech radikal renovéiert ginn a vun der Scheier ass och leider just déi fiicht Front stoe bliwwen. An awer ass begréissenswäert, dat d'Fassad wéi et schéngt op eng zimmlech authentesch Aart a Weis renovéiert gëtt. Och d'Andeelung vun de Fënstere passe bei d'Gebai an d'Gauwen sinn ausnamsweis emol keng futuristesch Këschten, mä passen sech gutt un d'Gebai un. Mir sinn op dat fäerdeg Resultat gespaant. Et kéint e gutt Beispill ginn, wéi mir an eiser Gemeng déi historesch Bausubstanz misste renovéiere fir een harmonescht Duerfbild ze kréie respektiv ze erhalen.
Mouvement Patrimonial

Adresse

Consdorf

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kultur a Patrimoine Konsdref - KuPa publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager