25/12/2024
Léif Leit,
Op Hellegowend gouf dann déi 24. „Adventsfënster“ opgemaach, allerdéngs e bëssen anescht wéi déi Fënstere virdrun:
- d‘Fënster vum 24. Dezember war zweedeeleg (een Deel zu Bech an een zu Hemstel)
- amplaz vun enger Fënster waren déi zwou Kierchendiren mat engem festleche Panneau dekoréiert
- de Kiercherot vun der Gemeng Bech huet d‘Leit op deenen zwou Plazen no der Mass op e Patt an e klenge Maufel agelueden, zu Bech géint Mëtteg an zu Hemstel géint 19:00.
Domatt geet an eiser Gemeng d‘Aktioun „Adventsfënsteren 2024“ op en Enn.
D’Kultur- an Tourismuskommissioun seet alle Famillen a Veräiner, déi matgemaach hunn, ganz häerzlech Merci fir hir Bereetschaft, eng Fënster ze dekoréieren an de Leit, déi se kucke komm sinn, eppes zum Beschten ze ginn.
Merci awer och all deenen, déi eng oder méi (oder souguer ganz vill 😉) Fënstere kucke waren an esou zu enger gudder a frëndschaftlecher Stëmmung an zum Erfolleg vun der Aktioun bäigedroen hunn.
Mir sinn iweerzeegt dervun, dass eng grouss Zomm fir d’Associatiounen „Stëmm vun der Strooss“ a „Wonschkutsch“ gespent gouf.
Op dëser Plaz informéiere mir iech demnächst iwwert den Erléis, a mir soen iech villmools Merci am Numm vun deene Mënschen, deenen dir mat ärem Don hëlleft.
Mir wënschen iech e friddlechen a froue Chrëschtdag, alles Guddes am Neie Joer, vill Erfolleg, Gléck a Gesondheet.
D‘Membere vun der Kultur- an Tourismuskommissioun
(All Fënstere kënnen nach bis den 31. Dezember doruechter bewonnert ginn.)
Chers amis,
À la veille de Noël, la 24e « fenêtre de l’Avent » a été ouverte, mais d’une manière un peu différente des précédentes :
• la fenêtre du 24 décembre était divisée en deux parties (une à Bech et une à Hemstal),
• au lieu d’une fenêtre, les deux portes d’église ont été décorées avec un panneau festif,
• le conseil paroissial de la commune de Bech a invité les habitants des deux lieux, après la messe, à partager un verre et un petit en-cas : à Bech vers midi et à Hemstel vers 19h.
Ainsi se termine dans notre commune l’initiative « Fenêtres de l’Avent 2024 ».
La commission Culture et Tourisme remercie chaleureusement toutes les familles et associations qui ont participé et ont accepté de décorer une fenêtre, offrant aux visiteurs un moment agréable.
Merci également à tous ceux qui ont visité une ou plusieurs (ou même beaucoup de 😉) fenêtres, contribuant ainsi à une ambiance conviviale et au succès de cette initiative.
Nous sommes convaincus qu’une belle somme a été collectée pour les associations « Stëmm vun der Strooss » et « Wonschkutsch ».
Nous vous informerons prochainement sur le montant total récolté et, au nom des personnes que votre don soutiendra, nous vous adressons nos plus sincères remerciements.
Nous vous souhaitons un joyeux et paisible Noël, une excellente année nouvelle, beaucoup de réussite, de bonheur et de santé.
Les membres de la “Kultur- an Tourismuskommissioun“
(Toutes les fenêtres peuvent encore être admirées jusqu’au 31 décembre.)
Dear friends,
On Christmas Eve, the 24th “Advent Window” was revealed, but in a slightly different way compared to the previous ones:
• the window for December 24th was split into two parts (one in Bech and one in Hemstel),
• instead of a window, the two church doors were decorated with festive panels,
• the church council of the Bech parish invited people at both locations to join them after Mass for a drink and a small snack: around midday in Bech and around 7:00 PM in Hemstel.
With this, the “Advent Windows 2024” initiative in our community comes to an end.
The Culture and Tourism Commission warmly thanks all the families and associations who participated and kindly decorated a window, offering visitors something special.
We also extend our gratitude to everyone who came to see one or more (or even many 😉) windows, contributing to the friendly atmosphere and the success of this initiative.
We are convinced that a significant amount was raised for the associations “Stëmm vun der Strooss” and “Wonschkutsch.”
We will inform you shortly about the total collected amount, and on behalf of the people your donations will help, we thank you wholeheartedly.
We wish you a peaceful and joyful Christmas, a Happy New Year, and lots of success, happiness, and good health.
The members of the „Kultur- an Tourismuskommissioun“
(All windows can still be admired until December 31st.)