23/02/2026
🔥 Buergbrennen 2026 🔥
Gëschter Moien ware mir frou, dass mir d'Buerg am dréchnen an der Haal bauen konnten. Mëttes hunn mir se dunn an der Wiss am Bulli opgeriicht. ☁️
Owes huet eis Buerg - trotz vill Reen a Wand - wonnerschéin gebrannt. 🌧️ 🌬️
Eis Aarbecht huet sech also definitiv gelount. 💪
Wéi mir dunn klätschnaas waren, hunn mir eis bei enger gudder Zopp nees opgewiiermt an den flotten Daag gemittlech ausklénge gelooss. ☂️ 🍲 ☕
Mir soen jidderengem, deen trotz dem blöde Wieder dobäi war an zesumme mat eis dëss Momenter e verbruecht huet: Villmools Merci ❣️
Är Allënster Dueffrënn 🌟